lirikcinta.com
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z 0 1 2 3 4 5 6 7 8 9 #

lirik lagu den hit op rtl – serge tonnar & legotrip

Loading...

[1. verse: serge tonnar]
mir haten en hit op rtl
lo brutzele mer an der mainstreamh*ll
eis al kollegen, déi alternativ
bekucken eis, wann iwwerhaapt, da schif
mir schwieren iech, ‘t war net sou gemengt
dat lidd mat deem mir d’charts gesprengt
wollte mer am fong net op den disk dropman
et war am fong geduecht fir e witz ze man
an op eemol hate mer blutt geleckt
an engem stéck déi nei charts gecheckt
mir wollten et bis ganz uеwen hi packen
a vun do dann erof op déi ganz wеlt kucken
[refrain]
dofir wëlle mer ni méi en hit op rtl
da sëtze mer nach léiwer an enger zell
ni méi gëlle placken uewen um schaf
ni méi dem däiwel eis séil verkaf
nee ni méi en hit op rtl
ni méi an enger playlist mam adele
ni méi eppes wat engem hit gläicht
léiwer kredibel wéi erfollegräich
gëschter an och haut
da si mer léiwer nees out

[bridge]

[2. verse: serge tonnar]
awer nom hit ass och virum hit
et kritt een net genuch vun deem sh*t
an ass een dru gewinnt, da braauch een de kick
an den underground ass op eemol net méi sou schick
a da ginn et all déi leit déi et selwer net kënnen
awer aneren op kee fall den erfolleg gënnen
ass et arroganz oder de blanken näid
déi kënne sech just freeën wann een um buedem läit
ma och wa mer keen anere fir den erfolleg brauchen
gëtt et een deem mer mussen hanne rakrauchen
dee kënne mer net ofblëtze loosse well
dat ass de chef vun der musek bei rtl
[refrain]
well soss kréie mer ni méi en hit op rtl
dat ass vill méi schlëmm wéi an enger zell
dann awer léiwer nees d’gëlle placken um schaf
och wa mer dofir dem däiwel eis séil verkaf
mir wëllen nees en hit op rtl
mir wëllen nees an d’playlist mam adele
mir wëlle bei déi schéin a bei déi räich
vläicht net méi kredibel dofir erfollegräich
gëschter an och haut
mat gitarsolo a fade out

[outro]

lirik lagu lainnya :

YANG LAGI NGE-TRENDS...

Loading...