lirikcinta.com
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z 0 1 2 3 4 5 6 7 8 9 #

lirik lagu kee bandana diss – tommek

Loading...

[beat 1: tommek]

moien lëtzebuerg, moien essentiel an rtl
moien escher squad am mercedes cla an slk
squa squa du héiers eis squaaaaaatten
mëttes nach mat der ak mee owes ouni waaaaafffen

mee lo mol serieux ech duecht dat doten -ss jo lächerlech
d-ss d’medien dat sou deelen mee meng meenung guff ganz wässereg
iwwerlee dach mol de kär vum problem -ss een aneren
mat äre kommentarer bréngt dir ëmmer dee bandana rem

dat gëtt mir de katz, #nohate fir d’jungs aus dem sale sud
mee fir all hater, dee sech behëllt wéi eng kleng pute
“uäh uäh uäh ech hunn deen hype guer net gewollt”
mee du deels et, schwätz driwwer, du b-ss selwer schold

ech hunn et och gekuckt, ee mol geschmunzelt, weider fokusséieren
amplaz mech a sënnlosen hate gespréicher ze verléieren
‘t soll ee rausgoen, einfach maache wat ee selwer feiert
soss bleift een am liewen stoen op der plaatz a kënnt net weider

lächerlech, rapper sëtzen doheem, kommen net kloer
fille sech lo vun de medie gelénkt
kräischen d’decke voll, rappe sech verzweifelt un den hoer
während mama hinnen de waarme schoki an d’kummer bréngt

si behapten, si giffen den hype net ënnerstëtzen
da so mer firwat se sech un dem shitstorm dann ergötzen?
posten all dag eppes zu deem thema, kräische “mimimi
mama ech wollt awer hunneg an dobäi eng mlimlimli”

ech gesinn dora kee sënn, steppen an de studio zéien eppes positives raus aus menger energie
fokusséire meng gedanken an schaffe mam db un enger nicer ep
dat gelabers hutt mech zwar frustréiert, weider kënnt ee just wann ee sech konzentréiert
dofir merci bandana well du huss mech indirekt fir meng kommend cd mat inspiréiert

all b-tchrapper dee sech opreegt bis d’linnen aus dem bildschirm schloe beim ekg
als kënschtler steet een do driwwer, pëtzt een an zou a geet säi wee
amplaz sech mat peinlechen aussoen ze kompromittéieren
ee kënschtler gëtt anerer konscht d’recht ze existéiren

déi déi soen: “dat -ss keng konscht, dee jong -ss net ganz hell”
säi rap hutt de pepp an et -ss iergendswéi originell
de schlaue kann och domm, mee den dommen kann net schlau
mengt ee beim schlauen e wier domm, -ss dat vum dommen net ganz schlau

————————————————————————-

[beat 2: tommek]

heen hat alles fir een hype-c-cktail a wann ee bedenkt
-ss deen hype bei deem wat gelaf -ss eng logesch konsequenz
an hee schlürft dee lo, ganz genësslech an engem gang squad
während d’land an hysterie verfällt a sech d’box vollkackt

dat -ss image rap, et gëtt eng léierstonn beim monni tom
eng form vun entertainment, vu ville leit ugesinn als domm
déi an hierer verklemmtheet meckeren de bandana wier keen g
kucke kee film méi mam de niro, well hee verkeeft kee kokain

schauspillqualitéiten lossen hei zwar staark ze wënschen iwwreg
mee de prinzip -ss de selwechten an du entscheeds; -ss et witzeg?
amplaz sech opzereegen iwwer leit di soen, se giffen am ghetto liewen
soll ee sech mol froen, firwat et leit ginn déi am ghetto stierwen?

do mierkt ee wéi deplacéiert eis interessen sinn
reegen eis op iwwer saachen amplaz ze maachen, d-ss se besser ginn
an do mierkt ee kloer wou d’suerg vun eiser gesellschaft läit
mir si sou verwinnt fir iwwer sou eppes nozedenken hu mer zäit

amplaz iwwert de bandana beim essentiell saachen ze schreiwen
kéinte mer eis vläit d’zäit huelen iwwer essentiell saachen ze schreiwen
ey ey well et -ss net traureg, d-ss et gedeelt gëtt
mee ‘t -ss traureg, d-ss sou een artikel zum problem gëtt

loss mech dir dat kuerz erklären
ech hat an der bravo zeitung plakeg meedercher net gären
op der säit 52, dat mécht mech dach guer net chaud
dofir hunn ech direkt bei der foto-lovestory opgeschlo

ganz einfach, kucken et net wann et net intresséiert
sinn der meenung d-ss rap vu villfältegkeet just profitéiert
drénke gäre mlimli, fannen aachtercher totale shit
reege mech awer net op, wann een och aner mötschen ze kafe kritt, oder?

su laang de voyeurismus am mënsch bewierkt, d-ss ee gaffe wëll beim accident
gi sou saachen gedeelt, dat -ss eng logesch konsequenz
dat -ss wi medie funktionéieren, schockéieren, de leit gi wat se friessen
oflenkung vum alldag, wichteg problemer vergiessen

a meng musik guff vum eldo gedeelt, reege mech doriwwer net op
se krut eng handvoll likes, hutt et d’leit net genuch geschockt?
hätt ech dat deemols scho gewosst, hätt et mam alb-m vläit geklappt
cannabis a meng mötsche gestach, gehofft d-ss ee flick mech dann verhaft

an de problem -ss net, d-ss plattformen aner musik net verbreeden
mee d-ss aner saachen leit net schockéiren, ergo se net begeeschtren
anscheinend deelen medien qualitativ musik jo ni
hei -ss mäin offiziellen opruff: deelt “vitaminnentherapie”

[…]

d-ss d’halschent vun deene leit guer kee wuert driwwer verléiert
well kommentéiert gëtt just dann, wann et net gefällt an et ee stéiert
facebook -ss ee spigel dovunner wéi d’gesellschaft tickt
dofir schwätze mir méi vum bandana wi vun der flüchtlingspolitik

also kiert mol virun ärer dier, ech si kee bandana fan
mee heinsdo, awer nemmen heinsdo squatten ech mat der gang

lirik lagu lainnya :

YANG LAGI NGE-TRENDS...

Loading...